Dateschutzerklärung

Wien si mir?

Dës Säit ass d’Homepage vun  der Musica è.
D’Adress ass http://musicae.lu

De Responsabel vum Contenu ass:
Musica è asbl 
c/o M. Jean-Claude Limpach
14, rue Julien Gaspar
L-4809 Rodange
e-mail: info@musicae.lu
Tél.: (+352) 661 158 433

Wat fir Donnéeë ginn traitéiert?

  • d’Adress déi opgeruff gëtt
  • d’Auerzäit vum Zougrëff
  • de Verweis vu wou een op d’Säit kënnt
  • wéi e Browser gëtt benotzt
  • wéi e Betribssystem gëtt benotzt
  • vu wéi enger IP-Adress geschitt den Zougrëff

Et ass fir eis net méiglech, aus den Donnéeën erauszefannen wéi eng konkret Persounen eis Säite besichen.

Wéi laang ginn Donnéeën gespäichert?

D’Server-Logfiles gi maximal 30 Deeg gespäichert an duerno geläscht. 

Recht vun de betraffene Persounen op Informatioun

Et ass eis net méiglech aus den Donnéen erauszefannen, wien eis Säite besicht, dofir kënne mir doriwwer keng Informatioune ginn.

Cookies

Cookies sinn temporär gespäichert Text-Fichieren, déi beim besichen vun Websäiten op Ärem Computer, Tablette oder Smartphone gespäichert ginn.

Dëse Site fonctionnéiert ouni Cookies.