PRESENTATIOUN

 

“Musica è” ass à la Base e Bléiserquintett a gouf den 28. Januar 2017 gegrënnt. Den Ensembel besteet zur Zäit aus fënnef Musikanten, déi net nëmme Freed un der Musek hunn, mä déi och eng gutt Frëndschaft verbënnt. De Quintett ënnersteet der musikalescher Leedung vum Jean-Claude Limpach.

Fir eise Quintett steet de Spaass um Musizéieren am Virdergrond, wat mir dann op eisen Optrëtter wëlle beweisen. Mir spille vu Klassik, iwwert Ënnerhalungsmusék bis Jazz, deelweis no eegenen Arrangementer.

Eise Programm passe mir dem Optrëtt entspriechend un. Wann Dir also en Ensembel sicht, deen Är Aweiung, akademesch Sëtzung, Vernissage, Mass, Präisiwwerreechung, Hochzäit, Chrëschtmaart asw. encadréiere soll, dann zéckt net a kontaktéiert eis.

Sollte mir Ären Interessi fir eis musikalesch Aktivitéiten ugesprach hunn, kënn Dir eise Projet finanziell ënnerstëtzen, andeems dir Member an eisem Veräi gitt (min. 5 €), oder duerch Sponsoring (virun allem op eisem Site) oder ganz einfach andeems mir äert Evenement duerch e Concert verschéinere kommen.

Merci vu ganzem Häerze fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung, déi Dir op de Kont vun der Musica è a.s.b.l., BCEELULL LU05 0019 4955 5175 6000 iwwerweise kënnt.